Are there friends in Luxembourg

Den Forum hei ■■■ net frouh mat eiser Sprooch, e mengt mer gengen dauernd fluchen :rofl:

Ech sin aus dem Suedosten (Schengener Gemeng), ech wosst guer net dass nach aanerer vun eis hei wieren!

Ech hu mat Flucgsimulator amfong net souvill um Hut, ma hun en vill benotzt als Viirbereedung op main PPL… Navigatioun as wierklech gudd domat, eist Land as absolut erem ze erkennen! Mer hun e bloeden circuit hei um Findel deen ouni GPS recht schwéier ze fléien as, do huet mer MSFS vill gehollef

Mettlerweil benotzen ech en virun allem wann ech enzwousch fléien wou ech nach nie war, et get en gudden Iwwerbléck, an et kann een sou oft nei ufaenken wei neidrg.

Alles aanescht as wuel nach su naja, vill Problemer wuel (ma ausser dem GNS 530 wou et en super mod dofir get as mer perséinlech nach naischt su richteg opgefall mee wi gesoot ech huelen en virun allem nemen VFR.

Mol kucken wat et am Maerz mat dem Benelux update get, vlait kréie mer jo en richtegen Findel!

Ech sin de Claude iwwregens, freet mech nach een Letzeboier hei kennenzeléieren!